Mailo erlaabt Iech och Dateien als Linken bäizefügen anstatt se mat der Noriicht ze verschécken.
D'Empfänger kréien mat Ärem Message e Link fir datt se d'Dateien eroflueden. Dëse Link bleift valabel fir 30 Deeg.
Déi maximal Gréisst vun de Fichieren, déi als Linke geschéckt ginn ass 500 MB, a souguer 1 GB mat Mailo Premium.
Virdeeler:
- D'Mailbox vun den Empfänger leeft net iwwer.
- Äre Message gëtt net refuséiert wéinst senger Gréisst.
- Är eege Bréifkëscht fëllt net op wéinst Äre geschéckten Noriichten.